An dëse komeschen Zäiten wou mer all (sou wäit wéi méiglech) wéinst der COVID-19 Kris sollen doheem bleiwen, fir eis selwer an déi aner ronderëm eis ze schützen virun der Erkrankung duerch de Coronavirus, wëlle mir deenen wou et brauchen – a wëllen unhuelen – een humanistesche Message vun Hoffnung, vun Inspiratioun a vu Resilienz zoukomme loossen. Mir hoffen domadder eise (klénge) Bäitrag ze leeschten, fir zesummen eng méiglech “Schockstarre” z’evitéieren, eis Zäit ze huelen, fir eis selwer eppes Guddes ze doen, driwwer nozedenken wéi ee Sënn mir eisem Liewen wëlle ginn, eis Solidaritéit mat Aneren mat Liewen ze fëllen a fir eis mat anere Mënschen verbonnen ze fillen.

Eng Réi vu befrënnten Humanisten Associatiounen ronderëm de Globus hunn änlech Aktiounen gestart, déi mer iech net wäerten virenthalen.

Déi eng ënnert eis sinn elo vläicht nach méi gefuerdert wéi soss op hirer Schaff (sief et am Home Office oder op der Aarbechtsplaz), si brauchen eis Ënnerstëtzung; déi aner hunn elo vläicht méi Zäit, fir driwwer nozedenken wat hinnen wichteg ass, respektiv fir sech Suergen em hier eegen Gesondheet an déi vun hire Léifsten ze maachen, si wënschen sech vläicht e puer Gedankenustéiss ze kréien, fir un eppes aneres ze denken.

Dofir hu mir eis déi eng oder aner Iddi iwwerluecht fir iech Proposen ze maachen wéi mer an dësen Deeg a Wochen kënnen eisen Humanismus weider liewen, vun doheem aus.

Natierlech däerf jiddereen dës Proposen huelen a weiderentwéckelen wie hat oder hien et fir richteg, fir gutt a fir schéin haalt. Dir wësst jo, dass et bei eis keng Geboter a keng Verbueter gëtt (ausser déi wou mer eis selwer operleeë, well mer versti firwat se gutt a néideg sinn), mee just Angeboter, déi een selbstbestëmmt interpretéieren däerf.

Eis Proposen schreiwen sech och an eng laang philosophesch humanistesch Traditioun déi bekannt gouf duerch de Satz “carpe diem” vum Horatius. Et geet net just drëms, fir sech am hei an elo Pleséier ze verschafen, mee drëms dofir ze suergen, dass een den hei an elo notzt fir d’Zukunft déi engem nach bléift sënnvoll a selbstbestëmmt ze notzen. Et geet natierlech och drëms eis bewosst ze sinn an ze bléiwen, dass dëst Liewen dat eenzegt ass wat mer hunn an et gëllt dëst Liewen ze notzen fir déi Spueren ze hannerloossen an der Welt déi mer fir richteg, fir gutt a fir schéin halen.

An deem Sënn, #NotzDengZäit… a wann dir selwer Ureegungen huet oder Proposen fir dës Campagne wëllt bäisteieren, da mailt eis se op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

 

#1 Plang eng Wëllkommensfeier

NotzDengZäit Wellkommensfeier

Vill Elteren a Grousselteren verspieren d’Bedierfnis fir hiert neigebuerent Kand feierlech am Krees vun der Famill a Frënn opzehuelen a wënschen sech eng onvergiesslech an eenzegaarteg Feier. Esou eng Zeremonie bedeit natierlech méi wéi just ee Kand virzestellen. Des Geleeënheet ass eng Feier, mat der Famill an de Frënn em een, an et ass ee Moment wou een virun all deenen déi engem am meeschte bedeiten seng Verantwortung fir säi Kand bekräftegt – ee ganz perséinlecht wëllkomm Heeschen.

Och wa mer lo net wëssen wéini een esou eng Feier wäert kënnen ofhalen, kann en sech awer elo vläicht e bëssi Zäit huelen, fir esou eng Feier fir ee Kand oder een Enkelkand – zesumme mat sengen Elteren – ze plangen; fir d’Rieden ze schreiwen déi ee wëllt halen, fir sech z’iwwerleeë wien alles dobäi soll sinn, an esou weider.

Weider Inspiratiounen hei.

An och an eiser Broschüre.


#2 Schreif däi "philosophescht Testament"

NotzDengZäit Testament

"Bedenke dass du sterben musst" - Dat gëllt fir 18 an 80järeger gläichermoossen.

Trotzdeem ass d'Bewosstsinn, dass jiddwerengem seng Zäit begrenzt ass, eppes wat de Mënsch fir gewéinlech réischt spéit begleet. Déi meescht Mënschen dinn sech schwéier dermat, sech mam Doud ofzefannen oder souguer aktiv auserneen ze setzen. Ma just well eppes net bequem ass, geet den opgekläerten Humanist em méiglechst net aus dem Wee. Mir wëssen, dass dëst nëmmen en Verréckele vum Onvermeidbaren ass, a stellen eis der Iddi vum eegenen Doud léiwer, fir en Tëschebilan maachen ze kennen, an doduerch déi reschtlech Zäit nach esou ze notzen, wei mer et fir richteg halen.

En Tëschebilan an e Bléck no vir

Dësen Tëschebilan kann en private Journal, en laangt Gespréich mat enger vertrauter Persoun oder eng schrëftlech Bilanz vum eegene Liewe sinn.

Eng schrëftlech Bilanz huet de Virdeel, dass si an dësen ongewéinlechen Zäiten einfach ëmzesetzen ass. Dobäi kann een:

  • seng perséinlech Erfarunge vun der Kandheet bis an den Alter nach emol novollzéien
  • des Geschicht vun engem wäertvoll Liewenswee mat anere Generatiounen deelen, wann dat gewollt ass
  • säi Liewen dobäi emol méi opschaffen, a seng Gedanken, Gefiller an Eegenheeten uerdnen an zouuerdnen
  • sech doduerch fir déi verbleiwend Joren nei besënnen, op dat wat wichteg oder ze Kuerz komm ass
  • Erfarungen deelen, di ze deelen ee soss net de Courage, de Moment oder d'Zäit fonnt huet

Wichteg dobäi: d'Resultat vun dëser Übung muss net gedeelt ginn, och wann dat sécherlech e Gewënn fir déi kommend Generatioune wier.

Och ass déi schrëftlech Form net déi eenzeg méiglech: eng Tounopnam mam Handy oder och en Video sinn duerchaus denkbar.

Wou ufänken?

Fir an de Jumm ze komme kennen e puer Froen déi een sech selwer stellt hëllefen:

  • Wei hunn ech dier fréier gewunnt? Wat war anescht wéi haut? Wat war d'selwecht?
  • Wie war et an der Schoul? Op der Schaff? Am gesellschaftleche Liewen?
  • Wat ware wichteg Decisiounen a Momenter a mengem Liewen?
  • Wat géift ech gären ongeschéie maachen?
  • Wou war ech den 9.11.1989 a wat war do bei mir lass (oder en aneren historeschen Datum)?

#3 Kuck d’Lut aus a bewonner den Universum (alleng oder a Begleedung vum Manuel Huss)

NotzDengZäit Kuck dLut aus

Géi roueg owes raus a kuck der d'Stären un oder kuck mat Hëllef vum Manuel Huss, a senger Facebook Säit d'Lut aus … Do kann een oft Saachen entdecken déi ee mat bloussen An esou net gesäit.

Op dëser Foto vun him gesäit een de Pelikan-Niwwel, deen heescht wéinst senger Form esou. En ass Deel vun engem méi groussen Niwwelkomplex, zu deem och de méi bekannten Nordamerika-Niwwel gehéiert. Dat ganzt befënnt sech eng knapp 1.800 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Stärebild vum Schwan, direkt nieft dem helle Stär Deneb. D'Faarwen, déi der gesitt, si streng geholl Falschfaarwen, well d'Stralung vum Niwwel an engem Spektrum läit, fir deen eis Aen onempfindlech sinn. Fir do e Bild erauszekréien, gëtt mat enger monochromer Kamera a spezielle Schmuelbandfilteren opgeholl. Zum Asaz kommen als Filteren d'Spektrallinne vum ugereegte Waasserstoff (gréng/giel), Schwiefel (rout) a Sauerstoff (blo). Et sinn déi Elementer, aus deenen déi Niwwele gréisstendeels bestinn. Insgesamt si fir déi Foto ronn 10 Stonne Beliichtung gesammelt ginn, verdeelt iwwert e puer Nuechten. D'Vergréisserung mam Teleskop ass méi kleng ewéi ee sech et vläicht erwaart, an dësem Fall just 666mm Brennwäit. Déi Niwwele sinn um Himmel nämlech relativ grouss. Zum Vergläich: de Vollmound géif do e puer mol erapassen. Et gesäit ee se just net mam bloussen A, well se just ganz schwaach stralen.


#4 Kuck d'Codi Lippertshow

ndz codilippertshow

D'Patricia Lippert huet sech ënner anerem mam Thema "Selbsterkenntnis" an Zäiten vum "Confinement" beschäftegt, inspiréiert vu hire Lektüren vun de Bicher vum Prof. Thomas Metzinger, Member vum "Beirat" vun der Giordano Bruno Stiftung. Hei fannt dir all hier Videoen op hirem YouTube Channel.  


#5 Lies iwwer #GlobalHumanismNow

ndz LiesGLobalHumanismNowStories

Humanists International, eisen Dachverband huet Humanist*innen weltwäit interviewt a si gefroet, wéi si mat der COVID-19 Kris ëmginn, wéi eng Suergen si sech maachen a wat hinnen Hoffnung mëscht. Si wëllen d'Diversitéit an d'Gemeinsamkeeten vun der humanistescher Beweegung weltwäit dokumentéieren. #GlobalHumanismNow 

http://hmnts.in/GlobalHumanismNow


#6 Los dech inspireieren vum Patrick Michaely sengem Buch vum Dag Tipp

ndz MaiBuchvumDag

De Patrick Michaely, Bio-Chemiker vu Formatioun, stellt all Dag een interessant Buch vir, mat dem ee seng "Culture Scientifique" opfrësche kann... Dir fannt se op sengem Facebook Konto: https://bit.ly/2xGWbL3


Weider Proposen kommen no...


Hei e puer Beispiller vun änlechen Kampagnen aus dem Ausland

#COVID-19-Relief-Fund vun der Atheists in Kenya Society: https://www.facebook.com/AtheistsInKenya/

Si ruffen hier Memberen a Frënn dozou op ze spenden, fir deene Schwächsten am Kenya ze hëllefen des Gesondheetskris ze iwwerliewen.

Kenya


#HumanismAtHome vun Humanists UK: https://www.facebook.com/humanists.uk/

Si bidden hire Memberen ganz vill a ganz variéiert Saachen un fir Humanismus doheem ze liewen.

UK

Hei e puer Beispiller:

Czerski

Dr Helen Czerski: Sewing The Future
Our patron Dr Helen Czerski has provided a fascinating personal essay exploring technology in history - including how, and why, women's mastery of technology has often gone unrecognised.

Women and technology | Humanism At Home

Patterson

Christina Patterson: True Colours

Our patron, Christina Patterson, speaks movingly for prison radio about coping when times are tough. Delivered as part of our Humanism At Home initiative.

Coping with the very worst | Humanism At Home

humanistbookclub

Humanist Book Club with Andrew Copson

This month, we're reading Zadie Smith's On Beauty, which follows on nicely from last month's book Two Cheers for Democracy by E.M. Forster, given that Smith was inspired by Howards End.

Join the unofficial humanist book club! | Humanism At Home

secularism

What is Secularism? Andrew Copson

Andrew Copson discusses the history and definitions of secularism, reading from the first chapter of his book Secularism: A Very Short Introduction.

Definitions of secularism | Humanism At Home

tree

What is Humanism? Andrew Copson

Andrew Copson discusses the various definitions of humanism, and what humanism means to us today, based on a section of a book he edited with A C Grayling on humanism.

Definitions of humanism | Humanism At Home

strength

Finding your strength

Some humanist reflections on how to find resilience, and the strength to cope, in a time of anxiety, worry, and tension.

Resilience and anxiety | Humanism At Home

supercharged

Supercharged: my humanist journey with Saiful Islam

Saiful Islam discusses his experience growing up in a Muslim household in north London, his outlook on atheism, and his research on green energy materials.

A humanist journey with green energy | Humanism At Home

soundclouds

Follow us on Soundcloud for more!

For all our very latest audio content (including interviews with Sir Philip Pullman and Andrew Copson) check out our Soundcloud page. We'll have more tracks up soon, so don't forget to follow us.

Audio inspiration | Humanism At Home

London Humanist Choir

London Humanist Choir: Digital Performance of Pokarekare Ana

The incredibly talented London Humanist Choir have done it again, with this beautiful performance of a poignant song which expresses a longing for lovers.

London Humanist Choir's Pokarekare Ana | Humanism At Home


#HumanismAtHome vun der Humanist Society (Singapore): https://www.facebook.com/humanist.org.sg/

Si invitéieren hier Memberen fir dem medezineschen Personal seng moralesch Ënnerstëtzung auszedrécken, si organiséieren Skype Group Chats a si kucken zesummen Videoen zum Thema Humanismus, Wëssenschaft, an esou weider. Weider Infoen ënnert: https://humanist.org.sg/our-work/humanism-at-home/

singapore


#CienciaEnPerú (HumanistsUnitedForScience) vun der Sociedad Secular y Humanista del Perú: https://www.facebook.com/SSHPeru/

Si invitéieren hier Memberen fir “fake news” net ze deelen, fir déi aner drop opmierksam ze maachen wann se Pseudowëssen verbreeden, sech uerdentlech z’informéieren an eventuell eng Spend ze maachen fir deenen ze hëllefen wou et manner gutt geet.

peru