All Episod vun "Iwwer Gott an d'Welt" exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen, vu Politik iwwer Reliounskritik, Vernonft, Selbstbestëmmung, Fräiheet, Wëssenschaft, Kierchekritik a Verantwortung bis zur Popkultur.
Wann Dir Iech als Humanist, Atheist, Agnostiker ugesidd oder wann Dir méi iwwer Humanismus, Atheismus an Agnostizismus gewuer wëllt ginn, da lauschtert an dës Sendung ran, all 2. Densdeg vum Mount um 18:30 Auer op https://www.ara.lu/live/ oder FM 102,9 an 105,2.
Dir fannt eis Radiosendung och als Podcast
bei acast.com: https://embed.acast.com/645df37d715af100118bf635?feed=true
bei spotify.com: https://open.spotify.com/show/6oiHpkjKqMuKTGl6FxfIGm
bei Apple Podcasts: https://apple.co/3nXK46A
Hei den Iwwerbléck iwwer dei eenzel Episoden
Episode 39: Réckbléck op d'International Humanist Conference 2025
An dëser 39. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” maache mer ee Réckbléck op d'International Humanistesch Konferenz (IHC2025) déi AHA Lëtzebuerg de 5. Juli zu Lëtzebuerg organiséiert huet, am Kader vun der Generalversammlung vu Humanists International, déi all Joer op enger anerer Plaatz stattfënnt. D'Thema vun der Konferenz ass: From Awareness to Action: Strengthening Open Societies through Scientific Literacy. Dir héiert Auszich vun diverse Virträg a Reaktiounen vun de Gäscht vun der Konferenz.
Weider Infos zur IHC2025 ennert: https://www.aha.lu/IHC2025
Episode 38: Ausbléck op d'International Humanist Conference 2025
10. Juni 2025
An dëser 38. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'International humanistesch Konferenz (IHC2025) déi AHA Lëtzebuerg de 5. Juli zu Lëtzebuerg organiséiert, am Kader vun der Generalversammlung vu Humanists International, déi all Joer op enger anerer Plaatz stattfënnt. D'Thema vun der Konferenz ass: From Awareness to Action: Strengthening Open Societies through Scientific Literacy.
Weider Infos zur IHC2025 ennert: https://www.aha.lu/IHC2025
Episode 37: Politesch Bildung zu Lëtzebuerg
13. Mee 2025
An dëser 37. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhält de Lex sech mam Marc Schoentgen, Direkter vum ZpB, iwwer politesch Bildung zu Lëtzebuerg. Si schwätzen iwwer d'Missiounen an d'Aktivitéiten vum Zentrum fir politesch Bildung zu Lëtzebuerg. Well de Bob dës Kéiers net konnt live am Studio dobäi sinn, hat hien e puer Froen am Virfeld opgeholl, fir datt den Här Schoentgen drop reagéieren kéint. Weider Infos zur Arbescht vum ZpB fannt der ennert www.zpb.lu
Episode 36: En Hommage un d'Nelly Moia mam Danièle Igniti
11. Abrëll 2025
An dëser 35. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Danièle Igniti. Sie schwätzen iwwer d'Liewen a Wierke vun Nelly Moia, déi den 23. Februar 2025 verstuerwen ass. Si gouf héich geschat als Professesch, Feministin, Déiereschutz-Aktivistin a Fotografin. Berufflech huet si Englesch, Italienesch, Konscht an Ethik (Morale Laïque) am Lycée Hubert Clement zu Esch/Uelzecht enseignéiert. Säit den 1950er Joren huet si reegelméisseg Artikelen iwwert d’Rechter vu Fraen an Déieren geschriwwen, déi meeschtens am Tageblatt oder am Luxemburger Land publizéiert goufen. Als iwwerzeegten Atheistin huet si ni gezéckt, sech géint d’Kierch ze positionéieren. Vun den 1980er Joren un huet si och Fotoausstellungen organiséiert a verschidde Bicher geschriwwen. Weder de Bob nach de Lex haten d’Nelly Moia als Professesch, mee si konnten en Interview mat enger anerer bekannte Lëtzebuerger Persoun féieren, déi dës Éier hat. D’Danielle Igniti, déi politesch aktiv war a nach ëmmer staark an der Konschtwelt engagéiert ass, huet am Gespréich vill Anekdote verzielt an ënnerstrach, datt d’Nelly Moia eng aussergewéinlech bemierkenswäert Persoun war. Am Laf vum Interview goufen och Themen wéi d’Kierch, d’Politik an d’Rechter vu Fraen an Déieren ugeschwat.
Episode 35: Freedom of Thought Report
11. März 2025
An dëser 35. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Emma Wadsworth-Jones, Casework & Campaigns Manager bei Humanists International iwwer de Freedom of Thought Report. Sie schwätzen iwwer de Sënn an Zweck vun deem Bericht, wat Humanists International domadder alles schonn erreecht huet a wéi een en asetze ka fir d’Rechter vun net-reliéise Mënsche weltwäit schütze kann.
Weider Infos zum FOT Report hei: https://fot.humanists.international/download-the-key-countries-edition/
Episode 34: Sinn ech een Atheist?
11. Februar 2025
An dëser 34. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Charles München, dee rezent ee Buch rausbruecht huet mam Titel "Suis-je un athée?" beim Ernster. Mir schwätze mat him iwwer den Inhalt vu sengem Buch, driwer weisou a wéi hien et geschriwen huet.
Hei eng kuerz Beschreiwung vum Buch:
Ce qui a toujours le plus préoccupé l’humain sont l’amour et la religion et la cupidité. Si la cupidité est pernicieuse, l’amour et la religion peuvent aussi parfois présenter des effets néfastes. Mais les effets de l’amour et de la religion ont souvent des fins qui peuvent atteindre le sublime. On peut placer le véritable Humanisme, au-dessus de tous les autres bienfaits vers lesquels tendent les humains. L’Église catholique a longtemps monopolisé la religion, s’érigeant en intermédiaire entre la divinité et le peuple, utilisant en promesse l’espérance illusoire d’une survie de l’âme après la mort. Ce faisant, elle s’est assurée autorité, pouvoir, gloire et fortune. Depuis deux cents ans, les choses ont beaucoup changé, l’Église ayant vu son pouvoir s’amoindrir peu à peu. Quant aux athées humanistes, ils ont acquis la liberté de se déclarer tels, sans craindre les foudres de l’Église. Cette liberté est un des effets du véritable Humanisme.
Dir kënnt d'Buch hei bestellen:
https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9782919892594/M%C3%BCnchen-C/Suis-je-un-ath%C3%A9e
Episode 33: Wat Humaniste gleewen...
14. Januar 2025
An dëser 33. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer ee Buch wat rezent rauskomm ass a vum Andrew Copson, dem CEO vu Humanists UK, editéiert gouf. Et baséiert op engem Podcast mam selwechte Numm, wou och vun him ass: What I believe. Doranner gëtt ee gewuer u wat bekannten Humanistinnen an Humanisten alles gleewen, wéi eng Wäerter si hunn a wat hinne wichteg ass.
De Podcast fannt der hei: https://whatibelieve.humanists.uk
An d’Buch hei: https://humanists.uk/whatibelieve/
Episoide 32: Zum Richard Dawkins
10. Dezember 2024
An dëser 32. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer dem Richard Dawkins säi Wierken als Wëssenschaftler an als atheisteschen Aktivist. Si lauschteren sech ausgewielten Stécker aus engem Gespréich vum Richard Dawkins mam Peter Boghossian un a kommentéieren se kuerz.
Episode 31: "Democracy, not Theocracy" with Fish Stark, CEO of A.H.A.
12. November 2024
An dëser 31. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'Presidentschaftswalen an den USA rondrem een Interview wou de Bob am Virfeld vun de Walen mam Fish Stark, CEO vun der American Humanist Association, gemaach hat zu hierem Projet "Democracy, not Theocracy". Weider Infos dozou hei: https://americanhumanist.org/democracynottheocracy/
Episode 30: De Poopst Besuch zu Lëtzebuerg
8. Oktober 2024
An dëser 30. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Alexandre Hornbeck, och Member vum Verwaltungsrot vun AHA Lëtzebuerg. Si poteren iwwer de Besuch zu Lëtzebuerg vum "Poopst" vun der Kathoulescher Kierch a schwäifen och mol of dobäi.
Episode 29: Neurosciences de l'obéissance
10. September 2024
Dans ce 29e épisode de «Iwwer Gott an d'Welt», Bob s'entretient avec Emilie A. Caspar, professeure de neurosciences à l'Université de Gand, sur l'étude neuroscientifique de l'obéissance, à l'occasion de la récente publication de son livre «Just Following Orders: Atrocities and the Brain Science of Obedience». Ensemble, ils explorent ce que les études scientifiques peuvent nous apprendre sur la «nature humaine» et dans quelles conditions des êtres humains ordinaires peuvent être amenés à commettre des atrocités. Ils discutent aussi du rôle des «justifications religieuses ultimes» pour les actes d'atrocités.
Pour plus d'informations sur le livre: https://www.cambridge.org/us/universitypress/subjects/psychology/social-psychology/just-following-orders-atrocities-and-brain-science-obedience?format=HB. Pour plus d'informations sur les recherches d'Emilie A. Caspar. Caspar: https://moralsocialbrain.com/
Episode 28: Opklären iwwer d'mënschlech Diversitéit
13. August 2024
An dëser 28. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Tom Hecker, deen och nach bekannt ass duerch d'Konschtfigur déi hie spillt: d'Tata Tom. Si schwätzen iwwer d'Diversitéit vun de mënschleche sexuellen Orientéierungen an de Geschlechtsidentitéiten, souwéi iwwer d'Noutwendegkeet fir Opklärung doriwwer ze bedreiwen. Well dës Sendung, Vakanze bedéngt, am Virfeld opgeholl gi wor, ass d'Diskussioun em déi 2 Petitiounen zum Thema nëmme kuerz ugedeit ginn.
Episode 27: Verbuede Musik an Emancipatioun
9. Juli 2024
An dëser 27. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" schwätzen de Lex an de Bob driwwer wéi reliéis a politesch Instanze probéiert hu fir gewëss Zorte Musik ze verbidden oder zum Boykott vu gewësse Musiker opgeruff hunn, a wéi Musik schonn ëmmer ee Mëttel vun der Emanzipatioun wor.
Episode 26: Humanistesch Zeremonien zu Lëtzebuerg
11. Juni 2024
An dëser 26. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mat 3 humanisteschen Zeremonienmeeschter, dem Mayalani Moes, dem Artemis_ia an dem Alexandre Hornbeck. Si schwätzen driwwer wéisou si humanistesch Zeremonien ubidden, wei si dat maachen a wat hinnen dat bedeit. Wann dir Kontakt wëllt ophuelen zu engem Zeremonienmeeschter da kuckt ran op www.aha.lu a klick op Zeremonienmeister.
Episode 25: En Hommage un den Dan Dennett
14. Mee 2024
An dëser 25. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhale de Lex an de Bob sech iwwer de kierzlech verstuerwene Philosoph a Kognitiounswëssenschaftler Daniel C. Dennett, säi Wierk als Denker a säi Wierken als atheisteschen Aktivist. Hien wor effektiv bekannt als ee vun de prominentste Vertrieder vun enger Beweegung déi oft "New Atheism" genannt gouf. Hien huet déif Spueren hannerlooss.
Episode 24: Advocating for humanist values at EU level
9. Abrëll 2024
An dëser 24. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” berichte mer iwwer den Asaz fir humanistesch Wäerter um EU Niveau. Fir d'éischt schwätzt de Bob mam Tania Giacomuzzi Mota, Advocacy Officer bei Humanists International, iwwer seng Aarbecht "zu Bréissel" an iwwer eng rezent Initiative déi am Kader vum European Policy Forum vum Tania koordinéiert gëtt, dem Humanist Pledge (https://humanists.international/pt/what-we-do/advocacy/humanist-pledge/). Am zweeten Deel lauschtere mer ran an eng Pressekonferenz vun EUMANS iwwer eng Petitioun beim EU Parlament zum Recht op Euthanasie (https://www.eumans.eu/online-press-conference-28-end-life-ngos-launch-petition-european-parliament-voluntary-assisted), déi AHA Lëtzebuerg mat initiéiert huet.
Episode #23: The right to say no to (imposed) religious education
12. März 2024
An dëser 23. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mat 2 Gäscht iwwer d'Thema Reliounsunterrecht an der Schoul. Fir d'éischt schwätze si mam Panayote Dimitras aus Griichenland iwwer d'Situatioun a sengem Land a wat hien, mat aneren, ënnerhëlt fir d'Rechter vun Eltere besser ze schütze wa si hier Kanner net um Reliounsunterrecht wëllen deelhuele loossen. Am zweeten Deel schwätzen si mam Gilles Retter iwwer d'Situatioun zu Lëtzebuerg a wéi mir zu där international dach eenzegaarteger Situatioun vum "Vie et Société" Kuer komm sinn.
Episode #22: Feminismus
13. Februar 2024
An dëser 22. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Jessica Lopes vun der ASTI. Si schwätzen iwwer Feminismus, de Kampf fir d'Rechter vu Fraen, d'Fuerderungen no sozialer Gerechtegkeet an d'Virurteeler géint déi feministesch Aktivist*innen ze kämpfen hunn. Weider Infos: https://fraestreik.lu/marche2023/
Episode #21: Kënschtlech Intelligenz
9. Januar 2024
An dëser 21. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Dr Serge Linkels, Informatiker. Si schwätzen iwwer KI, Kënschtlech Intelligenz, wat dat ass, wéi et funktionnéiert a wéi eng nei Chancen sech duerch dës Technologie erginn awer och wei eng Geforen dovunner ausginn.
Episode #20: Wéi erliewen Humanisten, Atheisten an Agnostiker Chrëschtdag?
12. Dezember 2023
An dëser 20. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer ee Buch wat si zwee gelies hunn a wat ganz gutt an d’Saison passt: "The Atheist’s Guide to Christmas”. Si verziele wéi si déi eenzel Kapitel vum Buch erlieft hunn.
Episode #19: D'Recht op Selbstbestëmmung am Iran
14. November 2023
An dëser 19. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" schwätzen, am éischten Deel, de Lex an de Bob iwwer d'Narges Mohammadi, hier Liewen an hiert Wierken an natierlech driwwer datt si dëst Joer de Friddensnobelpräis krut an, am zweeten Deel, ënnerhält sech de Lex mam Mina Richman, enger Musekerin vu Bielefeld mat iranesche Wuerzelen, dei sech selwer "ehrlich, queer, selbstbestimmt" nennt, iwwer hier Musek. Weider Infos zur Musek vum Mina Richman: https://minarichman.de/
Episode #18: White Metal
10. Oktober 2023
An dëser 18. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" klärt de Lex eis iwwer "White Metal" op, eng dach onerwaarten an iwwerraschend Kombinatioun vu Musik a Relioun.
Episode #17: Harmful Traditional Practices in Nepal
19. September 2023
In this 17th episode of “Iwwer Gott an d’Welt”, Bob chats with Uttam Niraula, humanist and human rights activist from Nepal. Uttam tells us about the endeavours of the “Society for Humanism Nepal” to promote human rights and about their work to fight “harmful traditional practices” in Nepal. For more information about SOCH Nepal please visit their website: https://sochnepal.org
Episode #16: Welthumanistekongress 2023
15. August 2023
An dëser 16. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer den Welthumanistekongress 2023 deen Ufanks August zu Kopenhagen stattfonnt huet. De Motto vum Kongress wor: Building better democracies through humanist values. Méi Infos zum WHC2023 fannt dir hei: https://whc2023.com.
BONUS Material: dem Dr Leo Igwe seng Ried
Episode #15: Philosophie am Radio
18. Juli 2023
An dëser 15. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Lukas Held, Philosoph, Philos- and VieSosprof. Si schwätzen iwwer dem Lukas seng Radiosendung “Seismograf” an iwwer de Podcasf wou hien mam Gilles Retter zesumme produzéiert, notamment iwwer dem Lukas seng Motivatiounen an Hoffnungen déi hien dozou dreiwen fir d’Philosophie an d’Philosophéieren engem mei breede Publikum zougänglech ze maachen.
Episode #14: 13 Joer AHA Lëtzebuerg
20. Juni 2023
An dëser 14. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'Jubiläumsfeier dei den 20. Mee 2023 stattfonnt huet fir den 13. Anniversaire vun AHA Lëtzebuerg ze féieren. Si verzielen wat d'Highlights vun deenen 13 Joer waren, wat op der Table Ronde diskutéiert gouf a loosse Léit aus dem Publikum zu Wuert komme mat Luef, Ureegungen an awer och méi kriteschen Téin.
Episode #13: La psychologie de la vaccination
16. Mee 2023
Entretien avec Olivier Klein, professeur de psychologie sociale à l’Université libre de Bruxelles, sur la “psychologie de la vaccination”. Nous avons discuté des processus psychiques, sociaux et culturels susceptibles d’alimenter l’hésitation vaccinale, mais aussi des moyens pour augmenter la couverture vaccinale des populations réticentes.
Episode #12: Fostering Critical Thinking
18. Abrëll 2023
Conversation with Dr Leo Igwe, Nigerian humanist activist and debunker of witchcraft allegations
Episode #11: Darwin Day - Deel 2
21. März 2023
Conversation with Dr Laith Al-Shawaf (University of Colorado)
Episode #10: Darwin Day - Deel 1
21. Februar 2023
Conversation with Dr Laith Al-Shawaf (University of Colorado)
Episode #9: Krich an der Ukraine
17. Januar 2023
Conversation with Urtė Žukauskaitė & Gytautè Gineitytè (Laimingas žmogus) and with Dr Daniel Porcedda
Episode #8: Revolutioun am Iran
20. Dezember 2022
Conversation with Soheil Banejshafiee
Episode #7: Buchkritik "Säkularismus - Zukunft des Christentums"
15. November 2022
Episode #6: Emanzipatioun & Antisemitismus zu Lëtzebuerg
18. Oktober 2022
Gespréich mat der Dr Renée Wagener
Episode #5: Toleranz a Respekt
20. September 2022
Episode #4: Verschwörungstheorien
16. August 2022
Gespréich mam Christian Meyers
Episode #3: Glawen an Aberglaube
19. Juli 2022
Episode #2: World Humanist Day
21. Juni 2022
Conversation with Andrew Copson, President of Humanists International
Episode #1: Virstellung vun AHA
17. Mee 2022