kerschWéi ech viru 50 Joër op d’Welt koum, hu meng Elteren decidéiert mech, wéi och mäi Bruder viru mär, net deefen ze loossen. Ech sin also ouni Relioun opgewuess, ouni Här an ouni Däiwel, mee dofir mat enger gudder Portioun vun humanistesche Werter, déi mär haut nach de Wee weisen.

Meng Eltere si fir hire Courage – deemools war dat alles anescht wéi „normal“ – oft kritiséiert ginn. Et gouf ënnert anerem gesoot, si hätte selbstherrlech fir eis Kanner entscheed an eng Decisoun geholl, déi eist Liewen kéint neegativ beaflossen. Méi fundamentalistesch Kritiker hunn hinnen esouguer ënnerstallt, bewosst a Kaf ze huelen, dass hir Kanner kéinte grouss Schwieregkeete gemaach kréien. Ech stellen haut bei der Diskussioun iwert meng ongedeeften Kanner mat engem gewësse Schmunzelen fest, dass d’Argumenter an déi u sech banal Viirwërf nach ëmmer déi selwecht sinn.

Dobei hu meng Eltere mir, esou wéi ech menge Kanner, näischt anescht gemaach wéi d’Dir an e selwerbestëmmtent Liewen opzestoussen. Haut, wou meng Kanner (17 a 19 Joër) allen zwee (bal) volljähreg sin, kënne si wéi ech, zu all Moment fräi entscheeden engem Glawen bäizetrieden, oder eben nët. Eng Daf awer kann een net reckgängeg maachen, si ass absolut. Am beschte Fall kann een se annulléieren, wéi jo haut – an dat ass gudd – och duerch esou Initiativen wéi AHA, ëmmer méi Leit et maachen. Déi Zäit déi een awer, oft zum groussen Deel ouni, respektiv géint säi Wëllen, an der Kiirch ageschriwwe war, kritt en net erëm. Dorunner sollten Elteren denken, éier si d’Entscheedung fir oder géint d’Daf vun hire Kannner huelen.

Ech si kee „Pafefrësser“ no aler Traditioun. Ech setze mech an fir gläich Rechter fir jidfereen. Fir mech ass net wichteg ob ee gleeft oder ob een net gleeft; entscheedend ass wat fir ee Mënsch een ass. Dëse Constat hënnert mech net dru festzestellen, dass vill Reliounen hire Glawen universal verstinn an sech dofir mat alle Mëttele wëllen imposéieren. Relioun ass also beileiwen net nëmmen eng Glawensfro, mee virun allem och eng Muechtfro. Deementspriechend schamlos gëtt se dofir och vun de Mächtegen mëssbraucht. Dat ass deen déiweren Grond firwat dass d’Reliounen niewt e puer positiven Aspekter een enormt Leed an der Welt ugeriicht hunn a leider och haut nach uriichten. Ech verstinn dofir mäin Engagement géint d’Macht vun de Reliounen a géint déi korrupt Apparater an déi politesch a wirtschaftlech Lobbien déi se droen och als een Asaz fir eng mi gerecht Weltwirtschaftsuerdnung. Op kee Fall dierf dorausser e Kampf géint déi Gleeweg entstoen. Sou laang och déi Verantwortlech vun AHA dat sou gesinn, kënne si op meng Ennerstëtzung zielen.

©2012 Dan Kersch (LSAP)
Buergermeeschter vu Monnerech