jungenAls Mënsch, fir deen de Respekt virun aaneren Mënschen, Toleranz an d’Akzeptanz virum Aaneschtsin wichtëg Liewesiwwerzeegungen sin, wollt a konnt ech nët méi d’accord sin, mat enger kathoulëscher Kierch, déi wéi sou dacks och hei « Waasser priedegt, an Wäin drénkt », an dohier konnt ech als een, deen zanter sénger Jugend net méi praktizéiert huet, och nët méi akzeptéieren, dass ech nach ëmmer vun der kathoulëscher Kierch, virun als « Katholik » bezeechent gin sin, fir hierersäits ze beleeën, dass nach ëmmer 94% vun onser Populatioun kathoulësch wieren.

Den Emgank vun däer Institutioun vis-à-vis vun de Rechter an der Gläichstellung vun der Fra, mam AIDS oder der Notzong vum Kondom, der Homosexualitéit, hiert Amëschen an all Froën vum mënschléchen Liewen, wéi och um Liewesenn, mat deenen konnt a wollt ech mëch net méi duerstellen loossen, wéi wann ech sou hannerweltléch Astellungen géif deelen. Zou Lëtzebuerg hun leider nach vill zevill Leit, dozou zielen ech mech selwer deelweis och, d’Astellung « maach wéi d’Leit, dann geet et der wéi de Leit », duerfir hoffen ech, dass d’AHA och dozou bäidroën kann, dass séch an näechster Zäit weider eppes dorunner ännert, an en definitiven gesellschaftléchen Wandel, och Afloss op politësch Décisiounen hëllt, waat d’Trennung vu Kierch a Staat, oder Kierch an Schoul ubelaangt !

De Respekt un deenen Leit déi gleewen, sëtzt op däer aaner Säit och de Respekt un deenen Leit viraus, déi net gleewen ! Daat léisst awer ze dacks an onsem Land nach ze wënschen iwwrëg, virun allem vun der Säit vun der Institutioun Kirch !

©2010 Tom Jungen (LSAP)
Buergermeeschter vu Réiser