benekeToleranz gëtt oft an gären an Sonndesrieden gepriedegt. Meeschtens bleift et ewer beim eidelen Wuert an d'Toleranz ass séier riwwer, do wou se – an Ofwandelung vum berühmten Aussproch vum Rosa Luxemburg – géigeniwwer Aneschtersdenkenden misst ufänken.

Menger Meenung no grenzt d'Relioun do aus, wou se misst verbannen, späert an wou se misst fräi ginn, verstoppt wou se misst beliichten. Et ass erschreckend ze gesinn, wéi staark nach ëmmer ëm iwwer 200 Joer al Idealer aus der Opklärung muss gekämpft ginn. Eng Opklärung, déi vill méi fir eng oppen, tolerant an modern Gesellschaft gemeet huet, wéi déi ominéis jiddesch-chrëschtlech Wuerzelen.

Relioun an och d'Fräiheet vun Relioun kann a muss Privatsaach sinn. Perséinlech well ech mir vun kénger Persoun an Institutioun virschreiwen loossen, wéi ech wat ze gleewen an ze denken hunn.

©2010 Chrëscht Beneké
fréiere Rallyeprofi an COSL-Elitesportler