feyderEt ass wichteg dat et eng Associatioun zu Lëtzebuerg gett, déi net nëmmen d'Kirch an de Glawen als Thema huet, mee déi och eng Ëffentlechkeet schaaft fir iwwert Wëssen, Glawen a Gesellschaft ze schwätzen. Ech sinn der Meenung, dat jiddwereen de Choix muss hun ze gleewen oder net ze gleewen, genau wéi een sollt wielen kennen op een der Kiirch beitrëtt oder net. Déi selbstverständlech oder bewosst Entscheedung schéngt mer hei zu Lëtzebuerg nach net ganz ukomm ze sinn. Oft ass een an der Kierch well  een den Automatismen vun gesellschaftlechen Ritualer näischt entgéint ze setzen hat.

Obwuel meng Fra an ech nie gleeweg waren, an alles aanescht wéi Kierchegänger sinn, huet et bis 2009 gedauert bis mer offiziell aus der kathoulescher Kierch ausgetrueden sinn. Déi Decisioun ass zum Deel och doduerch entstan, datt zu deem Zäitpunkt méi an der Ëffentlechkeet doriwwer geschwaat gin ass, an well et Associatiounen goufen déi dësen Austrëtt vereinfacht hun. AHA soll also d'Roll vun enger onofhängeger an a fräier Stëmm zu Lëtzebuerg anhuelen déi och ganz einfach Gester erméiglecht.

Dofir ënnerstëtzen ech AHA!

©2010 Mike Feyder
fréieren Basketball-Nationalspiller