stoosEngem Staat ewéi Lëtzebuerg, deen sech als demokratesch definéiert, steet et schlecht zu Gesicht wann en sech vun enger Relioun ënnerwandere léisst. Vun enger Relioun, déi sech selwer als net demokratesch Institutioun bezeechent an déi, virun allem, duerch d’Jorhonnerten eng Bluutspuer gezunn huet, queesch duerch ganz Europa. Vun enger Relioun, fir déi d’Fra nach ëmmer als net zourechnungsfäheg gehale gët. Vun enger Relioun, déi nach ëmmer e puer Deeg al Kanner kann zwangsrekrutéieren. Vun enger Relioun, déi nach ëmmer d’Muecht huet e ganzt Land gesellschaftspolitesch am däischterste Mëttelalter ze halen. Vun enger Relioun, déi verlaangt op all wëssenschaftlech Erkenntnesser ze verzichten, nëmme fir de Mensch an hirem mystesche Bulli kënne gefaangen ze halen.

Am 21. Jorhonnert dierft et weder esou e Staat, nach esou eng Relioun gin.

Duerfir ënnerstëtzen ech AHA.

©2010 Guy W. Stoos
cartooniste