bergerKee Gott huet de Mensch erschafen, mais de Mensch huet Gott erschaf als Illusioun an Spiggelbild vun sengen Onzoulänglechkeeten an senger Onwessenheet.

An d'Relioun, déi sech dovun ofleed, dat as d'Enn vun dem Wichtegsten wat mer hun, der Fraïheet! Dat bedaït och sech selwer opgin, an d'Verantwortung iwwert saïn Liewen, an fir e friddlech Zesummen op desem Planeit delegéieren un Dogmen an pervers Muechtapparater. Muechtapparater, di streiden wem saï Gott dann den richtegen wier, déi net Brecken bauen mais Maueren opriichten an de Käpp, an der Gesellschaft.

Erfreelech as, dat awer ëmmer méi Menschen zu hirer Fraïheet an hirer Responsabilitéit stin, ronn 1,3 Milliarden Menschen op eisem Planéit hun laut dem Historiker Georges Minois keng Relioun- dat sin der ëmmerhin méi wéi z.B. Muslimen oder Katholiken. Och héi zu Lëtzebuerg gin et der vill, méi wéi d'Statistiken aus de Kiirchebiicher dat wëllen wouer huelen, an et as flott, dat mat der A.H.A, déi Menschen och eng gemeinsam Stëmm fannen.

©2010 Eugène Berger
Deputéierten