Krëschtdag ass eng Zäit, wou regelméisseg Vertrieder vun der kathoulescher Kiirch drop hiweisen, dass jo d’Gebuert vum Jesuskëndchen d’Quell vun eiser Zivilisatioun geng duerstellen, a wou genau aus deem Grond eng Zäit fir Besënnung misst sinn. Et gëtt sech och doriwer beklot, dass an eiser Welt, déi anscheinend „szientistesch-atheistesch“ wier, de Mënsch ëmmer méi an den Abseits geng geroden, an dofir misst grad op Krëschtag rëm méi u Gott respektiv un een Këndchen geduecht ginn, dat ouni Sex soll entstanen sinn.

D’ass scho kokass: de Mënsch geréit anscheinend duerch Wëssenschaft, Opklärung an Demokratie an den Abseits, a fir dat ze konteren, solle mer eis reliéisem Glawen un Nët-Bewisenes an Nët-Beweisbares widmen.

Dovunner ofgesinn, dass schon virun 150 Joer den Charles Darwin drop higewisen huet, dass suwuel de Mënsch wi och seng ethesch Prinzipien eng evolutiounsbiologesch Basis hun, sou klengt och de Rescht vun deem grad Erwähnten nawell zolitt onlogesch. Krëschtdag ass historesch gesinn deen Dag, wou bei villen Völker d’Wantersonnenwend gefeiert gouf, mee d’Krëschtentum huet deen Dag einfach mat hieren Dogmen besat, a mecht zanter hier, wi wann et dat erfonnt hätt, wéi iwrgens och bei aneren sou genannten "heedneschen" Fester (déi "Heeden" hun un aner Götter gegleewt, nët un deen "richtegen" vun de Krëschten). Des Weideren misst een dach mengen, dass wann ee wëllt verhënneren, dass de Mënsch an den Abseits geréit, een sech soll op de Mënsch konzentréieren, an net op imaginär Götter.

Sech op de Mënsch konzentréieren, genau dat maachen d’Humanisten. Si setzen sech an fir Opklärung, Toleranz an ethesch Werter, déi, wi am Fall vun de Mënscherechter, de Rechter vun der Fra oder de Rechter vun Homosexuellen, oft géint deen erbatterten Widderstand vun de Reliounen am Allgemengen an vun der kathoulescher Kiirch am Speziellen duerchgesat hu misse gin, respektiv musse gin.

Eppes soll dofir kloer gesot gin: Keen huet de Monopol op eist Wanterfest, dat den Numm Krëschtdag dréit. Schliesslech ass dat nëmmen ee Numm. Jidfer nët gleewege Mënsch dierf natiirlech Krëschtdag op seng Art a Weis feieren, oder et eben si loossen.

D’Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg gesäit op alle Fall deen Dag z.B. als eng Méiglechkeet, de Wanter ze feieren, deen mat sengen kuerzen Deeg a laangen Nuechten, mat senger Keelt an eventuell enger schnéi-iwerdeckter Natur eng ganz besonnesch Atmosphär schaaft. Ee freedegt Fest wou ee mat senger Famill zesummenkënnt, di een mat Kadoen begleckt, ee Fest, wat ee genéisst mat guddem Iessen an Drenken, mat flotter Musik - di een sech selwer raussicht -, an mat allem wat soss nach dozou gehéiert!

A bei all deem steet eben nët ee Märchenkëndchen oder een imaginären Gott am Mëttelpunkt, mee eben grad dee real existéierenden Mënsch.