AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker a.s.b.l.) begréisst, dass d'Regierung, op Virschlag vun der Inneministesch Taina Bofferding an der Justizministesch Sam Tanson, elo kuerzfristeg de Gemengen d'Méiglechkeet bitt fir "Hochzäiten an d’Schléissung vun enger Partnerschaft (PACS) net nëmmen an der Gemeng, mee och an anere Gebaier, déi der Gemeng gehéieren, ofzehalen".

Dës Mesure gëtt ergraff fir d'Reegele vun der physescher Distanz an Zäite vu COVID-19 méiglechst gutt anzehalen.

Säit laangem hu mir eis Alternativen zu den traditionellen Hochzäitszeremonië gewënscht, déi de Koppele méi Spillraum bei der Gestaltung vun zivillen Zeremonien erlaabt, ouni dofir manner attraktiv ze sinn.

Am Kader vun der geplangter Moderniséierung vun der Gesetzgebung zu den zivillen Zeremonien ass dës “mesure d’urgence” vun der Regierung an eisen Aen eng reell Chance, déi sollt genotzt ginn.

Download

2020-05-07_Hochzaiten.pdf