AHA Lëtzebuerg luet an op ee nächste Café Humaniste. Mir beschäftege eis do mam Buch Unverfügbarkeit vum Hartmut Rosa (Suhrkamp, 2020). Et geet ëm eis Bezéiung zur Welt — an ëm dat, wat verluer geet, wa mer probéieren, alles ze kontrolléieren.

D'Mireille Cruchten, Member vum Kommittee vun AHA Lëtzebuerg, stellt d'Buch vir an mécht d'Diskussioun op. Dir braucht d'Buch net am Virfeld gelies ze hunn: Dir kritt all néideg Elementer fir matzediskutéieren.
Den Hartmut Rosa seet, datt d'Modernitéit en implizitt Verspriechen huet: d'Welt ëmmer méi siichtbar, accessibel, beherrschbar a notzbar ze maachen. Mee grad dat klaut eis vläicht dat, wat eist Liewen eigentlech sënnvoll mécht. Wat eis wierklech beréiert — eng Landschaft, eng Begéinung, e gutt Gespréich — léisst sech ni komplett „verfügbar" maachen. An just dës Onverfügbarkeet ass et, déi eppes iwwerhaapt richteg bedeitend mécht.
Doraus erginn sech Froen, déi eis als Humanisten interesséieren: Wéi liewe mer gutt an enger Welt, déi op Optimiséierung agestallt ass? Wat geet verluer, wa mer alles wëlle kontrolléieren? Wéi vill Plaz gi mer deem, wat sech net einfach instrumentaliséiere léisst — an eiser Bezéiung zur Natur, zu deenen aneren, zu eis selwer?
Mir freeën eis op de gemeinsamen Owend.
📅 Datum: 9. Juli 2026 (Donneschdeg)
🕖 Auerzäit: 18:30 — Empfank ab 18:15
📍 Plaatz: Gudde Wëllen's mikrokosmos, Edouard-André-Park, Lëtzebuerg-Stad
✉️ Umeldung:
Wichteg: De Café humaniste fënnt ënner fräiem Himmel statt. Bei schlechtem Wieder muss d'Evenement leider ausfalen. Mellt Iech also w.e.gl. am Viraus un — sou kënne mer Iech am Fall vun enger kuerzfristeger Annulatioun Bescheed soen.
Wat ass e Café humaniste?
E Café Humaniste ass eng Versammlung, wou Leit sech treffe fir iwwer humanistesch Themen ze schwätzen an ze diskutéieren. Dës Treffen si meeschtens an enger gemittlecher Atmosphär, wéi an engem Café, wou d'Leit fräi Gedanke mateneen deele kënnen. D'Haaptzil vun esou engem Café ass et, en oppent an inklusiivt Gespréich ze fërderen, an dat iwwer eng Rei vu Sujeten, déi vu Philosophie, Ethik, Wëssenschaft, Gesellschaft, Kultur bis hin zu perséinlechen Erfarunge reeche kënnen. D'Leit, déi deelhuelen, sinn dacks interesséiert un humanistesche Wäerter, wéi z. B. d'Vertrauen an d'Mënschheet, d'Vernonft, d'Empathie an d'Wëssenschaft. E Café Humaniste ass also eng Plattform, wou jidderee seng Gedanken a Meenungen an enger respektvoller an oppener Manéier deele kann, fir sou géigesäiteg vum Austausch ze profitéieren an nei Perspektiven ze gewannen.


