Wéini: 19.01.2021 um 18:30

AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker a.s.b.l.) organiséiert ee Webinar mam Christophe LUX iwwer seng Studie zur Aféierung vum Kuer "Vie et Société" an de Lëtzebuerger Grondschoulen. Hien huet, am Kader vu senger Masterarbescht op der ULB (Université libre de Bruxelles) an den Sciences de l’Education, erfuerscht wéi d'Léierpersonal d'Aféierung vun dësem neie Kuer erlieft huet a wéi si sech dësem Defi gestallt hunn.

No der Virstellung vun der Studie wäert de Christophe LUX de Leit aus dem Publikum hier Froe beäntwerten.

Weider Informatiounen zum Webinar fannt der hei:
https://www.facebook.com/events/254628006277876/

Kuckt iech hei dem Christophe LUX seng Präsentatioun un op eisem VIMEO Kanal.