Zanter Dausende vu Jore feiere Mënschen zesummen déi wichteg Uläss am Liewen: Gebuert, den Ufank vum Erwuesseneliewen, d’Hochzäit, an den Doud. Des Ritualer goufe vun de Relioune geschéckt ëmgewandelt, awer och weiderentwéckelt. Mat dem Niddergang vun de Reliounen - besonnesch an Europa - ass et un der Zivilgesellschaft sech des nëtzlech a wichteg Bräich an Erënnerung ze ruffen, a modern Varianten dofir ze fannen.

An eisem Webinar vum 2. Juli 2020 hu mer eis ugekuckt wei weltlech Zeremonien zu Lëtzebuerg haut ausgesinn? Mir hunn eis ausgetosch mat zwee Zeremoniëmeeschter vu Lëtzebuerg zu de prakteschen a philosophesche Froen zum Thema aus.

Dir fannt d'Videoopnam hei op eisem VIMEO Kanal.