Säit dem 17. Mee 2022 huet AHA Lëtzebuerg eng Radiosendung um Radio ARA, dei all 3. Dënsdeg vum Mount ausgestraalt gëtt. An dëser Sendung gëtt "Iwwer Gott an d’Welt" geschwat. De Lex an de Bob beliichte verschidden Themen duerch de Brëll vum weltleche Humanismus.

Si schwätze mat Humanistinnen an Humanisten aus der ganzer Welt iwwer d‘humanistesch Liewensweis, hier Wäerter an Iwwerzeegungen. Dobäi behandelen si ënner anerem (1) d’Geschicht vum Humanismus, Atheismus, Agnostizismus an der Opklärung, (2) d’Noutwendegkeet vun der Trennung vu Staat a Kierchen/Glawensgemeinschaften, (3) d’Wichtegkeet vum Prinzip vum säkulare Staat fir d’Gewëssensfräiheet, d’Meenungsfräiheet an d’Reliounsfräiheet, (4) Diskriminatioun, Ënnerdréckung a Verfolgung vun net-reliéise Leit a staark reliéis gepräägte Gesellschaften, (5) déi weltlech humanistesch Feierkultur a verschiddene Länner, (6) d'Roll vun der Wëssenschaft an der Gesellschaft, (7) déi grouss moralesch an ethesch Themen vun eiser Zäit an (8) d'Méiglechkeeten an Erausfuerderunge vun enger oppener Gesellschaft haut.

Iwwer Gott an dWelt

All Episod vun "Iwwer Gott an d'Welt" exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen, vu Politik iwwer Reliounskritik, Vernonft, Selbstbestëmmung, Fräiheet, Wëssenschaft, Kierchekritik a Verantwortung bis zur Popkultur.

Wann Dir Iech als Humanist, Atheist, Agnostiker ugesinn, oder wann Dir méi iwwer Humanismus, Atheismus an Agnostizismus gewuer wëllt ginn, da lauschtert an dës Sendung ran, all 3. Densdeg vum Mount um 19:30 Auer op https://www.ara.lu/live/ oder FM 102,9 an 105,2.

Wann dir eng Episode sollt verpassen, da kënnt der se spéider um Site vum Radio Ara (https://www.ara.lu/shows/iwwer-gott-an-dwelt) lauschteren, soubal se ropgelueden gouf.