EHYD 2021

No 5 Joer Paus sti nees European Humanist Youth Days virun der Dier! Wéinst der globaler COVID 19 Pandemie, wäert et et des Kéiers eng extra spezial online Editioun ginn, déi sech iwwer 1 Mount zitt.

Iwwer de Mount Oktober 2021 si jonk Humanist*innen (18-30 Joer) aus Europa an der ganzer Welt häerzlech invitéiert fir un interaktive Workshops, zum Nodenken ureegenden Debatten, inspiréierenden Virträg an amusanten Networkingaktivitéiten deelzehuelen. All d’Aktivitéite wäerten op Englesch sinn. Méi Infoen zu de Workshoppen an Atelieren hei:
https://europeanhumanistyouthdays.org/workshops-2/
https://europeanhumanistyouthdays.org/virtual-ateliers/

Den Ofschloos-Event “Humanists in the Hood” fënnt de Samsdeg, 30. Oktober 2021 ab 20:00 Auer live zu Bréissel statt: https://fb.me/e/HtHQdEtN

This evening will be dedicated to the EHYD’s themes of diversity, solidarity and inclusion, with Black Feminism as the focus for the evening. The young thinkers from the Virtual Ateliers will share their results and policy advice. Sikivu Hutchinson will give a lecture on her book Humanists in the Hood: Unapologetically Black, Feminist and Heretical. We will close with a treasure from the Belgian music scene: Charlotte Adigéry X Bolis Pupul.

Um Ofschloss Event, dat den 30.10.2021 zu Bréissel am BOZAR stattfanne wäert, däerfen och manner jonk Humanist*innen (also iwwer 30) deelhuelen! Méi Infoe zum Programm vum Owend fannt dir hei: https://europeanhumanistyouthdays.org/closing-event/

D’European Humanist Youth Days ginn organiséiert vun deMens.nu, mat der Ënnerstëtzung vun Young Humanists International.

AHA Lëtzebuerg géif gären bis zu 3 jonken Humanist*innen vu Lëtzebuerg (18-35 Joer) dozou ureegen un dësem Event deelzehuelen. Mir géifen dofir pro Persoun 400€ sprange loossen, fir d'Lëtzebuerger Humanist*innen op dësem online & offline Event ze vertrieden. Als Géigeleeschtung erwaarde mir eis, dass mir, vun all Persoun, een Erfarungsbericht zum Event geliwwert kréien, dee mer op eiser Homepage, an eisem Joresbericht an op eiser Facebook Säit publizéieren kéinten, a Form vun engem Text vu 500 Wierder iwwer dat wat erlieft gouf a mindestens 5 Fotoen vum Event.

Wann Dir teschend 18 an 30 Joer hutt an interesséiert sidd un dësem Event (souwuel den online wei den offline Deel) deelzehuelen, dann mellt Iech w.e.g. per Email bis den 31. September 2021 beim Bob Reuter (Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.) a schreift eis kuerz wisou Dir Lëtzebuerg op dësem internationalen Event vertriede wëllt. Vergiesst net eis Är ganz Koordinaten mat Telefonsnummer unzeginn, wou mer Iech erreeche kënnen.

Wann Dir eng jonk Persoun an Ärem Entourage kennt déi heirun interesséiert wär kënnt Der hier gären dësen Opruff weiderleeden.

Hei fannt der méi Infoe zum Event:
https://europeanhumanistyouthdays.org
https://www.facebook.com/EhydOfficial
https://www.instagram.com/europeanhumanistyouthdays/