WISSEN STATT GLAUBEN ETHIK - FREI VON DOGMEN FEIERN - OHNE GOTT TRENNUNG KIRCHE & STAAT

AHA, das ist die "Allianz vun Humanisten,

Atheisten an Agnostiker zu Lëtzebuerg"

Mehr über uns

aha-letzebuerg-laedt-ein-zum-virtuellen-konzert-zum-welthumanistentag-2021

20-04-2021

AHA Lëtzebuerg lädt ein zum virtuellen Konzert zum Welthumanistentag 2021 Um den diesjährigen Welthumanistentag (21. Juni 2021) auf eine einzigartige und besondere Weise zu feiern, organisieren unsere belgischen Freunde von deMens.nu (die dieses Jahr ihren 50...

[...]

pk-freemubarakbala

08-05-2020

Mubarak Bala, der Präsident der Humanistischen Vereinigung Nigerias, wurde am 28. April 2020 in seinem Haus verhaftet, nachdem er angeblich den Propheten Mohammed in sozialen Medien beleidigt haben soll. Sein juristisches...

[...]

pk-hochzaiten

07-05-2020

AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker a.s.b.l.) begréisst, dass d'Regierung, op Virschlag vun der Inneministesch Taina Bofferding an der Justizministesch Sam Tanson, elo kuerzfristeg de Gemengen d'Méiglechkeet bitt...

[...]

est-ce-que-l-ecole-publique-a-vocation-a-amener-les-eleves-vers-des-manifestations-a-caractere-relig...

10-06-2019

Traditionnellement le mardi de la Pentecôte était un jour férié, généralement intégré dans la semaine de congé scolaire. Cette année, la journée en question se situant en dehors de la...

[...]

bob-reuter-neuer-praesident-von-aha-letzebuerg-laurent-schley-zum-ehrenpraesidenten-ernannt

12-05-2019

In Anwesenheit von Taina Bofferding, Ministerin für Inneres und Ministerin für die Gleichstellung von Frauen und Männern, fand am Freitag, dem 10. Mai 2019, in der Abtei Neumünster die ordentliche...

[...]

aha-organiseiert-webinar-iwwert-afeierung-vum-kuer-vie-et-societe

13-01-2021

AHA organiséiert ee Webinar mam Christophe LUX iwwer seng Studie zur Aféierung vum Kuer "Vie et Société an de Lëtzebuerger Grondschoulen. Hien huet, am Kader vu senger Masterarbescht op der...

[...]

aha-organiseiert-webinar-iwwert-weltlesch-zeremonien

04-07-2020

Wei gesi weltlech Zeremonien zu Lëtzebuerg haut aus? Mir tauschen eis aus mat zwee Zeremoniëmeeschter vu Lëtzebuerg, dem Alexandre Hornbeck an dem Clod Thommes, zu de prakteschen a philosophesche Froen...

[...]

reykjavik-declaration-on-the-climate-change-crisis

23-06-2019

Als Mitglied der European Humanist Federation und von Humanists International, unterstützt AHA Lëtzebuerg die am 2. Juni 2019 ratifizierte "Reykjavik Declaration on the Climate Change Crisis". Auch wir sorgen uns...

[...]

humanists-international-crowd-funds-for-persecuted-humanists

18-06-2019

Humanists International crowd-funds for persecuted humanists Humanists International, the worldwide membership body for humanist and secular groups, has launched the Protect Humanists At Risk crowd-funding campaign for 2019. The campaign launches today...

[...]

einladung-zu-glaubenskrieg-homoeopathie-wunschdenken-und-wirklichkeit

09-05-2019

Glaubenskrieg Homöopathie: Wunschdenken und Wirklichkeit (Dr. Natalie Grams), Freitag, den 10. Mai 2019 um 20.15 Uhr, Abbaye de Neumünster

[...]

Krëschtdag ass eng Zäit, wou regelméisseg Vertrieder vun der kathoulescher Kiirch drop hiweisen, dass jo d’Gebuert vum Jesuskëndchen d’Quell vun eiser Zivilisatioun geng duerstellen, a wou genau aus deem Grond eng Zäit fir Besënnung misst sinn. Et gëtt sech och doriwer beklot, dass an eiser Welt, déi anscheinend „szientistesch-atheistesch“ wier, de Mënsch ëmmer méi an den Abseits geng geroden, an dofir misst grad op Krëschtag rëm méi u Gott respektiv un een Këndchen geduecht ginn, dat ouni Sex soll entstanen sinn.

D’ass scho kokass: de Mënsch geréit anscheinend duerch Wëssenschaft, Opklärung an Demokratie an den Abseits, a fir dat ze konteren, solle mer eis reliéisem Glawen un Nët-Bewisenes an Nët-Beweisbares widmen.

Dovunner ofgesinn, dass schon virun 150 Joer den Charles Darwin drop higewisen huet, dass suwuel de Mënsch wi och seng ethesch Prinzipien eng evolutiounsbiologesch Basis hun, sou klengt och de Rescht vun deem grad Erwähnten nawell zolitt onlogesch. Krëschtdag ass historesch gesinn deen Dag, wou bei villen Völker d’Wantersonnenwend gefeiert gouf, mee d’Krëschtentum huet deen Dag einfach mat hieren Dogmen besat, a mecht zanter hier, wi wann et dat erfonnt hätt, wéi iwrgens och bei aneren sou genannten "heedneschen" Fester (déi "Heeden" hun un aner Götter gegleewt, nët un deen "richtegen" vun de Krëschten). Des Weideren misst een dach mengen, dass wann ee wëllt verhënneren, dass de Mënsch an den Abseits geréit, een sech soll op de Mënsch konzentréieren, an net op imaginär Götter.

Sech op de Mënsch konzentréieren, genau dat maachen d’Humanisten. Si setzen sech an fir Opklärung, Toleranz an ethesch Werter, déi, wi am Fall vun de Mënscherechter, de Rechter vun der Fra oder de Rechter vun Homosexuellen, oft géint deen erbatterten Widderstand vun de Reliounen am Allgemengen an vun der kathoulescher Kiirch am Speziellen duerchgesat hu misse gin, respektiv musse gin.

Eppes soll dofir kloer gesot gin: Keen huet de Monopol op eist Wanterfest, dat den Numm Krëschtdag dréit. Schliesslech ass dat nëmmen ee Numm. Jidfer nët gleewege Mënsch dierf natiirlech Krëschtdag op seng Art a Weis feieren, oder et eben si loossen.

D’Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg gesäit op alle Fall deen Dag z.B. als eng Méiglechkeet, de Wanter ze feieren, deen mat sengen kuerzen Deeg a laangen Nuechten, mat senger Keelt an eventuell enger schnéi-iwerdeckter Natur eng ganz besonnesch Atmosphär schaaft. Ee freedegt Fest wou ee mat senger Famill zesummenkënnt, di een mat Kadoen begleckt, ee Fest, wat ee genéisst mat guddem Iessen an Drenken, mat flotter Musik - di een sech selwer raussicht -, an mat allem wat soss nach dozou gehéiert!

A bei all deem steet eben nët ee Märchenkëndchen oder een imaginären Gott am Mëttelpunkt, mee eben grad dee real existéierenden Mënsch.

Kirchenaustritt Leicht Gemacht

So geht's

Mitglied oder Sympathisant?

Hier entlang