kmiotekEch sin an den 1960er Joren kathoulësch erzu gin, dozou gehéiert och déi schlëmmsten Zäit vu mengem Liewen, nämlech déi als Kand 2 Joër an engem chrëschtlëchen Internat. Déi kierperléch a virun allem psychësch batter Zäit, an duerno méng negativ Erfahrungen mam Klerus wéi ech Massendénger war, hu mech scho fréi gefillsméisseg op Distanz zur Kierch goë geloos. Ech hat awer och d’Chance, datt d’Zäiten séch no 1970 geännert hun, a gläichzäiteg meng Famill sech vun deem kathoulëschen Hokuspokus lassgemeet huet, sou datt ech duerft selwer décidéieren, ob ech wéilt weider an d’Mass goën oder net.

Genau dat as et, wat ech vun AHA erwaarden: datt dës Associatioun et virun allem jonken Leit erlaabt, fräi ze entscheeden, wat se wëllen a wat se net wëllen. An hinnen dofir Denkustéiss an Argumenter liwwert, déi net reliéis an net emotional gefierwt sin.

©2010 Christian Kmiotek, Kënschtler